Blue Note

D'Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Rescht vun der Welt. De Manuel Ribeiro schwätzt mat Museker, presentéiert aktuell Tendenzen a kënnt op Klassiker zeréck.

Michel Pilz

De Bassklarinettist Michel Pilz ass eng vun de bekannteste musikalesche Perséinlechkeeten hei zu Lëtzebuerg, hien dee schonns an de 60er a 70er Joren duerch déi grouss Welt getourt ass, op mam Globe Unity Orchestra vum Alexander von Schlippenbach, mat den German All Stars oder mam japanesche Trompettiste Itaru Oki. De Michel Pilz, deen dacks als musikaleschen Ierwe vum Eric Dolphy gezielt gëtt, gehéiert zu deene Museker, déi et am Laf vun de leschte 5 Joerzéngten op eng aussergewéinlech Manéier fäerdeg bruecht hunn, de free an avant garde Jazz salonfäeg ze maachen. Den Michel Pilz feiert dëse Mount säi 70. Gebuertsdag a war fir déi Geleeënheet beim Marco Reusch am Studio, fir seng aussergewéinlech musikalesch Carrière ze retracéieren.

Rezent Emissiounen

  • Den neien CD vun der Sascha Ley

    Den neien Opus vun derr Sascha Ley heescht "It's Allright to be Everywhere".

  • Coltrane a Reis

    Ëmmer erëm en Highlight, wann en Album vun engem Artist posthum erauskënnt. Dëst war viru Kuerzem de Fall mat "Blue World" vum John Coltrane. 

     

  • De Michel Reis an de Kulturzenter OpderSchmelz

    De Michel Reis feiert eng CD-Release am Kulturzenter OpderSchmelz zu Diddeleng. Mee wat steet hei nach esou Alles um Programm ?

  • Retrouvailles

    Nei Release vun alen Opnamen ...vun John Coltrane, Stan Getz a Mark Turner. An en al Bekannten ënner neier Form: den Eric Lewis Piano Solo Debut.

  • Gaume Jazz Festival 2019

    E flotte summerleche Festival an der Belsch an eng CD Release vum Alexi Tuomarila
     

  • Dem Pit Dahm säin zweeten Album

    Weider Themen: De Pol Belardi an de Pit Dahm um Blues'n Jazz Rallye 2019. De Saxophonist Donny McCaslin am Interview.

  • David Hoffmann

    Net Musek studéieren heescht net onbedéngt, datt een net awer ka vill spillen. Den Jazz-Batteur a Vibraphonist erkläert, wéi et geet.

  • EchterLive & Blues Express

    Zwee grouss Rendez-vousen am Summer fir Jazz Cross-over a Blues

  • Jazzpote zu Thionville

    Zanter 15 Joer gëtt et de Festival hei vir a Frankräich. En Interview mam Direkter Christian Schott a Musek vu sëllechen Artisten, déi dëst Joer do spillen.

  • Jazz@the Phil 2019/2020

    D'Philharmonie, och d'Haus vum Jazz

  • Like a Jazz Machine a Reis-Demuth-Wiltgen feat. Joshua Redman

    Nieft dem Festival Like a Jazz Machine war op derschmelz den 2.6.2019 nach e Leckerbissen ze héiere mat RDW featuring Joshua Redman.

  • Like a Jazz Machine

    Mam Mikro um Like a Jazz Machine zu Diddeleng. Interviewen a vill nei Musek stinn um Programm.

  • Dock in absolute - Zweeten Album: Unlikely

    An de Chris Potter bréngt e weideren Opus ënner dem Titel "Circuits" op de Maart. Den Agenda a punkto Jazz.

  • Zwou CD Releasen a vill Concerten am Land

    De Marly Marques 5tet an den Album "Sea Change". De Liberati Quartet an den Album "Countertime".

  • Wéi een Jazz lauschters du?

    "Ech lauschteren am Fong keen Jazz" ass eng Ausso, där hir Dosinnsberechtegung mir haut erfuerschen. E Blindfoldtest mat uschléissender Diskussioun.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen