Concert Euroradio
Concert Euroradio: Oper
Um Programm Saul or David vum Carl Nielsen, e Live-Matschnëtt vum Danish Royal Opera Copenhagen den 3. Mee 2015, opgeholl vum dänesche Radio.2015 ass eigentlech e Jubiläumsjoer, den 150. Gebuertsdag vum dänesche Komponist Carl Nielsen, dee virun allem an de skandinavesche Länner gefeiert gouf.Operen huet de Carl Nielsen der zwou komponéiert, woubäi de Saul or David déi éischt dovun ass. Dëse 4-Akter, no engem Libretto vum Einar Christiansen, zielt vun der biblescher Episode vum Saul senger Jalousie op dee méi jonken David, aus dem Buch vum Samuel. D’Interpreten sinn:Johan Reuter SaulMichael Kristensen Jonathan Ann Petersen Mikal Niels Jørgen Riis David Morten Staugaard SamuelLeif Jone Ølberg Abner Susanne Resmark Witch of Endor Signe Sneh Schreiber AbisajPernille Bruun A Girl Morten Lassenius Kramp Guard Danish Royal opera Chours and OrchestraMichael Schønwandt DirektiounPresentéiert vum Manuel Ribeiro.(Rediff. donneschdes, 20:00)