Fräie Mikro

radio 100,7

All Dënschdeg an Donneschdeg kommentéieren verschidden Acteuren aus der Zivilgesellschaft d'Aktualitéit. D'Meenungen déi hei expriméiert ginn, engagéieren nëmmen hir Auteuren. De radio 100.7 huet awer als Editeur d'editorial Responsabilitéit vun dëse Bäiträg.

Plaidoyer fir méi Authentizitéit

De Marco Thomé fënnt, et géif dacks just gemaach gi wéi wann eng large Majoritéit vun der Gesellschaft kosmopolitesch an no alle Säiten hinn offe wier. An wéi wa mir all Minoritéit misste kollektiv an eist Häerz schléissen. Eng riseg Konsensgesellschaft also, déi sech villäicht och kollektiv Sand an d’Ae street. Dëst ass déi eng Säit vu menger ëffentlecher Wahrnehmung.

Op der anerer Säit kennt et wéi gesot bal all Dag zur Opdeckung vun neie Skandaler. Affäre wéi Luxleaks, Wikileaks, NSA, FIFA, VW, Plagiats- a Liewensmëttelskandaler a villes méi weisen oft wéi falsch oder carrément hannerhälteg ënnert der Surface agéiert gëtt. Heibäi riskéiere mer, datt aktuell all eis Wäerter bei der Däiwel ginn. Mir ass net ganz kloer op dës Opdeckungen en Zeechen dofir sinn, datt eisen demokratesche System fonctionnéiert. Ech fäerten éischter, datt eis Gesellschaft duerch an duerch faul ass.

No bausse maachen also oft wéi wann, an no bannen erlaabt sech jiddereen alles. „An den Zäite vun der universeller Täuschung, ass d’Wouerecht e revolutionären Akt“, sot den englesche Schrëftsteller Georges Orwell. Ech plädéiere jiddefalls dofir, datt mer erëm alleguer zu Revolutionäre mutéieren an doduercher eppes erëm gewannen: authentescht Optrieden an Éierlechkeet am Ëmgang mateneen.

De fräie Mikro vum Marco Thomé:

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen