Fräie Mikro

radio 100,7

All Dënschdeg an Donneschdeg kommentéieren verschidden Acteuren aus der Zivilgesellschaft d'Aktualitéit. D'Meenungen déi hei expriméiert ginn, engagéieren nëmmen hir Auteuren. De radio 100.7 huet awer als Editeur d'editorial Responsabilitéit vun dëse Bäiträg.

Nodenken amplaz ofrappen!

Den 28. August 1997 goufen d'Héichiewen op Arbed Belval stëllgeluecht. 2000 gouf d'Héichuewenterrass dofir op den Inventaire supplémentaire des monuments nationaux gesat. Déi weider Geschicht ass awer bedauerlecherweis déi vun der progressiver Zerstéierung vu wiesentlechen Elementer vun der Héichuewenanlag. Wéi d'Amicale vun den Héichuewen A a B an de Mouvement écologique héieren hunn, dass elo vum Fonds Belval geplangt wir, weider Gas- a Wandleitungen déi d'Héichuewen mat der Gebléishal verbannen ze zerstéieren, hunn se decidéiert mat enger Pressekonferenz Alarm ze schloen.

Den neien Direkter vum Fonds Belval, Luc Dhamen, huet mëttlerweil geäntwert, et wir keen Ofbau vu Leitungen virgesinn. Tant mieux. Vläicht bléist en neie Wand am Fonds Belval. Nët nëmmen den nationalen historesche Patrimoine géif sech freën, mee och d'Uni Lëtzebuerg.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen