Fräie Mikro

radio 100,7

All Dënschdeg an Donneschdeg kommentéieren verschidden Acteuren aus der Zivilgesellschaft d'Aktualitéit. D'Meenungen déi hei expriméiert ginn, engagéieren nëmmen hir Auteuren. De radio 100.7 huet awer als Editeur d'editorial Responsabilitéit vun dëse Bäiträg.

Zoumaachen!

Zoumaachen ass d’Wuert vun der Zäit! D’Grenzen, d’Dieren, d’Gaardepaarten an d’Häerzer. Zoumaache well d’Auslänner komme fir vun eisem Wuelstand ze profitéieren! Si huelen eis Bauplazen, eis Aarbechtsplazen, eis Meedercher! Si beaflossen eis Liewensweis, si imposéieren hier Sprooch, hier Kultur an hier Religioun. Déi, déi beim Comptoir stinn, héieren dëst all Dag. Mee net just um Comptoir, leider och op Plaze wou een sech e bësse méi Niveau erwaarde géif. An natierlech och a Parteien. Et ka wierklech net wäit hir si mat eiser Kultur wann e puer dausend Flüchtlingen se a Gefor bréngen.

De Moment fir des Propaganda ass ideal. D’Leit hunn net méi vill Vertrauen an d’Politik, well déi et net hikréien de wëlle Kapitalismus ze stoppe wou Räicher skandaléis räich ginn, an Aarmer ëmmer méi aarm. Dozou kommen nach e puer Skandaler vu Gefuddels, Hannerzéie vun ëffentlechem Gelder an natierlech esou e katastrofaalt Krisemanagement wéi zum Beispill a Griicheland. Mir fillen eis bedrot well mer och net sécher sinn op des Politiker eis Fräiheete verteidege kennen.

Onzefridde Leit deenen et verhältnisméisseg gutt geet, manipuléiert vu populistesche Politiker déi keng Léisungen unzebidden hunn a just mat den Emotioune vun de Léit spillen, regéieren d’Welt. A kee seet, datt dat Faschismus ass. Et kuckt een dem Ganzen no an et fillt en sech schlecht.

E fräie Mikro vum Danielle Igniti:

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen