Fräie Mikro

radio 100,7

All Dënschdeg an Donneschdeg kommentéieren verschidden Acteuren aus der Zivilgesellschaft d'Aktualitéit. D'Meenungen déi hei expriméiert ginn, engagéieren nëmmen hir Auteuren. De radio 100.7 huet awer als Editeur d'editorial Responsabilitéit vun dëse Bäiträg.

Verännerungen vun der Gesellschaft

Stëmmt et, dass fréier alles besser war? Et ginn vill innovativ Mesuren. Zum Beispill an der Schoul: Et gëtt Wäert op differenzéierten Unterrecht geluecht, a schaffen no Kompetenze soll d’Enseignéieren an d’Léieren optimal leeden. D’Méisproochegkeet an d’Lëtzebuerger Sprooch ginn analyséiert an diskutéiert bis zum Geet-net-méi. Et gi Projeten ausgeschafft (am Ablack hirer iwwer 80!) déi all Schüler gläich Chancë garantéieren.

Um Aarbechtsmaart: D’Regierungsvertrieder an hir Experte beméien sech op Prospektiounsreesen am Ausland, fir nei Betriber op Lëtzebuerg ze kréien. D’ADEM gëtt personell opgestockt. Leit ouni Aarbecht kréie schoulesch eng «Deuxième Chance» an och verschidden «Formations continues pour adultes» ginn ugebueden. Bei de Bauinfrastrukture mëscht de Staat d’Kaarte mat a gebitt den iwwerspëtzte Präisser Paroli duerch eege Projeten.

Mee all Medaille, maach se nach esou vill blénken, huet e Revers. Mär kënnen net ignoréieren, datt d’Zuel vun de Schoulofgänger ouni Ofschloss an déi vun de Schüler, déi duerchfalen, nach ni esou héich waren, grad esou wéi och d’Zuel vun den Aarbechtslosen an zemools vu de jonke Chômeuren. E Prêt ze kréien, fir en Haus zu Lëtzebuerg ze kafen, ass fir jonk Leit quasi onméiglech ginn. Ëmmer méi Famillje rutschen ënnert d’Aarmutsgrenz, packen de Loyer net méi oder sinn total iwwerverschëld. Aus enger heterogener Gesellschaft gëtt also, ouni datt dës Gesellschaft et selwer mierkt, eng Zwouklassegesellschaft. Mee, wien definéiert dann eigentlech d’Aarmutsgrenz? A wien decidéiert, wéi eng Messagen duerch wéi eng Press wéi vermëttelt ginn?

De fräie Mikro Nadine Ewerling:

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen