All Dënschdeg an Donneschdeg kommentéieren verschidden Acteuren aus der Zivilgesellschaft d'Aktualitéit. D'Meenungen déi hei expriméiert ginn, engagéieren nëmmen hir Auteuren. De radio 100.7 huet awer als Editeur d'editorial Responsabilitéit vun dëse Bäiträg.
Fräie Mikro
Verännerungen vun der Gesellschaft
Stëmmt et, dass fréier alles besser war? Et ginn vill innovativ Mesuren. Zum Beispill an der Schoul: Et gëtt Wäert op differenzéierten Unterrecht geluecht, a schaffen no Kompetenze soll d’Enseignéieren an d’Léieren optimal leeden. D’Méisproochegkeet an d’Lëtzebuerger Sprooch ginn analyséiert an diskutéiert bis zum Geet-net-méi. Et gi Projeten ausgeschafft (am Ablack hirer iwwer 80!) déi all Schüler gläich Chancë garantéieren.
Um Aarbechtsmaart: D’Regierungsvertrieder an hir Experte beméien sech op Prospektiounsreesen am Ausland, fir nei Betriber op Lëtzebuerg ze kréien. D’ADEM gëtt personell opgestockt. Leit ouni Aarbecht kréie schoulesch eng «Deuxième Chance» an och verschidden «Formations continues pour adultes» ginn ugebueden. Bei de Bauinfrastrukture mëscht de Staat d’Kaarte mat a gebitt den iwwerspëtzte Präisser Paroli duerch eege Projeten.
Mee all Medaille, maach se nach esou vill blénken, huet e Revers. Mär kënnen net ignoréieren, datt d’Zuel vun de Schoulofgänger ouni Ofschloss an déi vun de Schüler, déi duerchfalen, nach ni esou héich waren, grad esou wéi och d’Zuel vun den Aarbechtslosen an zemools vu de jonke Chômeuren. E Prêt ze kréien, fir en Haus zu Lëtzebuerg ze kafen, ass fir jonk Leit quasi onméiglech ginn. Ëmmer méi Famillje rutschen ënnert d’Aarmutsgrenz, packen de Loyer net méi oder sinn total iwwerverschëld. Aus enger heterogener Gesellschaft gëtt also, ouni datt dës Gesellschaft et selwer mierkt, eng Zwouklassegesellschaft. Mee, wien definéiert dann eigentlech d’Aarmutsgrenz? A wien decidéiert, wéi eng Messagen duerch wéi eng Press wéi vermëttelt ginn?
De fräie Mikro Nadine Ewerling:
Rezent Emissiounen
-
Wien gleewt nach un den europäeschen Demokratie-Modell?
De Problem vum Hung a vum Ee begéint Politik – oder en anere Bléck op eis europäesch Wirklechkeet. Dozou e fräie Mikro vum Jean-Luc Thill.
-
Wéini gëtt et eis ze bont?
Am fräie Mikro vun haut stellt d'Anne Heniqui d'Fro wéi vill Faarf eis Gesellschaft kann erdroen bis et hier ze bont gëtt.
-
Plaidoyer fir méi Authentizitéit
De Marco Thomé beschäftegt sech mat der „political correctness“ am Kontext vu rezenten Skandaler. An hien hält e Plädoyer fir méi Authentizitéit an Éierlechkeet an eiser Gesellschaft.
-
Nodenken amplaz ofrappen!
D'lescht Woch hunn d'Amicale des hauts fourneaux an de Mouvement écologique un d'Wichtegkeet vun der Erhalung vun de Gebléis- an Dynamogebaier souwéi de Gas- a Wandleitungen um Belvaler Héichuewesite erënnert. Dozou e fräie Mikro vum Denis Scuto.
-
Stellvertriederkricher a Flüchtlingsnout
Hannert der Flüchtlingsnout aus No-Ost, hannert der Emergenz vu kriminelle Gottesstaaten verstoppe sech Stellvertriederkricher vun de Groussen, mengt a sengem fräie Mikro de Journalist Romain Goerend.
-
Zoumaachen!
Zu Lëtzebuerg an an Europa kréie Populisten, déi net vill ze bidden hunn ausser ophetzen géint Auslänner, ëmmer méi nogelauschtert. Danielle Igniti fäert, datt dat an eng ganz geféierlech Richtung geet.
-
D'Fro nom "richtege Liewen"
D'Flüchtlingen, déi an Europa kommen, konfrontéieren eis mat der Fro nom richtege Liewen. Doriwwer denkt de Jean-Luc Thill no.
-
Stacheldrot an Tréinegas am Europa vun der Opklärung
Wat geschitt mat Europa? Net nuren mat der EU, mä och mat der Wäertegemeinschaft, déi aus der Opklärung hier kënnt? E puer Iwwerleeunge vum Simone Beck.
-
Verännerungen vun der Gesellschaft
Verännerungen an der Gesellschaft - Verännerunge vun der Gesellschaft. En nodenkleche Commentaire iwwert d’Evolutioun vun der Gesellschaft zu Lëtzebuerg vum Nadine Ewerling.
Programm
-
Noriichten
-
On air
Moies-Magazin
-
Invité am Moies-Magazin - Raphael Gindt an Daniel Mac Lloyd
-
-
Panorama
-
Iwwer Mëtteg
-
Sequenza - Déi éischt Musikerin op der Accademia Filarmonica di Bologna
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Véronique Faber, nouvelle membre du Conseil d’administration de radio 100,7
Le Conseil de gouvernement a approuvé la nomination de Madame Véronique Faber au Conseil d'administration de radio 100,7.
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen