Concert Euroradio
Concert Euroradio: Oper
De Manuel Ribeiro proposéiert haut d'Intégralitéit vun enger Concertsversioun vun der Oper La Jacquerie, aus dem Live-Matschnëtt vum 24te Juli 2015 vum Corum Opéra de Montpellier, opgeholl vu France Musique.Dës onbekannten Oper vum Edouard Lalo, ass vum Komponist onvollendet bliwwen, a gouf vum Arthur Coquard fäerdeg orchestréiert, bis d'Wierk du komplett an de Vergiess geroden ass.Allerdéngs weist dës Oper all déi grouss Elementer op vum "Grand Opéra à la française", mat ville melodeschen Arien a grouss epesch Chouerpassagen. Eise Live-Matschnëtt ass also eng Redécouverte déi d’Kënschtler den Owend zu Montpellier proposéiert hunn.D'Interprete sinn:Véronique Gens soprano: Blanche de Sainte-CroixNora Gubisch mezzo-soprano: Jeanne Charles Castronovo ténor: RobertBoris Pinkhasovich baryton: Guillaume Christophoros Stamboglis baryton-basse: Le Comte de Sainte-CroixPatrick Bolleire basse: Le Sénéchal Enguerrand de Hys ténor: Le Baron de SavignyOrchestre Philharmonique de Radio France, Chœur de Radio France, Patrick Davin, Directioun. (Rediff. vun dënschdes, 14:00)