Concert Euroradio
Concert Euroradio: Récital
An dësem Concert Euroradio stinn zwee Komponisten am Mëttelpunkt, déi fir hir Lied-Kompositioune bekannt sinn: de Franz Schubert an de Gustav Mahler. Dei grouss Interpreten Diana Damrau, Helmut Deutsch an Paul Meyer (fr.) hunn am Kader vun der “Schubertiade Schwarenberg Hohenems” den 21. Juni 2015 en Concert ginn, an deem si e puer vun deene schéinste Schubert-Lieder opgefouert hunn. Mahler-Lieder stoungen den 27. Juli 2015 am Haus für Mozart zu Salzburg um Programm. De Christian Gerhaher an de Gerold Huber hunn ënnert anerem d’Lieder eines Fahrenden Gesellen an Extraiten aus dem Des Knaben Wunderhorn interpretéiert. De Luc Boentges féiert duerch Livematschnëtter vun deenen zwee Owenter.(Rediff. vun dënschdes, 14:00)