Concert Euroradio
Concert Euroradio: Oper
De Manuel Ribeiro proposéiert Extraiten aus dem faméise Rosenkavalier vum Richard Strauss, opgeholl vum éisterräichesche Rundfunk. Den Dirigent Franz Welser-Möst huet dëst kolossalt Wierk vum Duo Strauss/Hofmannsthal den 2ten August 2014 am Kader vun den Salzburger Festspiele no enger Regie vum Harry Kupfer geleet.De Rosenkavalier ass duerchaus e Géigewaartsstéck, bezunn op d'Éisterräich vun 1910. Eng Kritik op d'Sitte vun der Donaumonarchie, wou den Hofmannsthal sech selwer opgehal huet, mee och als eng Apologie un den hellegen Ehestand.D'Interprete sinn ënner anerem:Krassimira Stoyanova, Die Feldmarschallin Fürstin Werdenberg; Sophie Koch, Octavian; Mojca Erdmann, Sophie; Silvana Dussmann, Jungfer Marianne Leitmetzerin; Wiebke Lehmkuhl, Annina; Günther Groissböck, Der Baron Ochs auf Lerchenau; Adrian Eröd, Herr von Faninal; Kresimir Spicer, Valzacchi.Konzertvereinigung Wiener Staatsopernchor / Salzburger Festspiele und Theater Kinderchor / Wiener Philharmoniker. (Rediff. donneschdes, 20:00)15:59 Meteo