Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Eng zolidd Majoritéit huet sech gëschter a Griicheland géint déi strikt Conditioune vun den internationale Créanciere fir weider Hëllefskreditter ausgeschwat. Beim Referendum hunn 61,31 Prozent mat NEE gestëmmt. Domatter ass et ass anescht komm wéi sech et d’Majoritéit vun de Regierungen an den Eurostaaten, an d'Vertrieder vun den d'EU-Institutioune gewënscht haten. D'Sondagen haten nach kuerz ivrum griichesche Referendum eng Victoire vum Jo virausgesot. Invité de Moien an der Emissioun Virum Dag war de Claude Turmes. D'Mick Entringer huet sech mam Europadeputéierten iwwert d’Bedeitung vum Referendum an sengem Resultat ënnerhal. Wat heescht de Nee vun de Griichen fir Griicheland selwer a fir Europa? (Rediff. vu 07:40)