Concert Euroradio
Concert Euroradio: Récital / Al Musek / Oper / Symphonie
"Teufelsgeiger" gëtt den Niccolò Paganini genannt. Hie war deen éischte grousse Virtuos am 19. Joerhonnert – Museker, déi sech der technescher Weiderentwécklung vun den Instrumenter schëtzeg ugepasst an déi verbessert Spillméiglechkeete bis op d’Spëtzt gedriwwen hunn. Eng Generatioun nom Paganini huet de Pablo de Sarasate gewierkt, een echten Dandy op der Gei, deen d’Dammen net nëmme mat sengem aussergewéinleche musekalesche Kënnen ëm de Fanger gewéckelt huet. Déi zwee Meeschter aus dem 19. Joerhonnert stinn am Mëttelpunkt vum Programm mat klassescher Danzmusek. D’Chaconne, wéi de Bach se schreift, ass een ale spuenesche Volleksdanz. Mam Piazzolla sengem Tango si mer a Südamerika, an de Bela Bartok war een äifrege Sammler vu Volleksmelodien a Rhythmen aus senger rumänescher Heemecht. (Rediff. vun dënschdes, 14:00)