Concert Euroradio
Concert Euroradio
1. Deel: Live-Matschnëtt vu Radio France den 20. November 2014 am Auditorium Radio France zu Paräis mam Orchestre National de France.Um Programm : Maurice Ravel : Menuet antiqueCamille Saint-Saëns: Concerto No. 3 pour violon et orchestre, op. 61Solist : Luc Héry, GeiDirektioun : Daniele GattiPresentéiert vum Remy Franck.2. Deel: 1830 huet de Felix Mendelssohn Bartholdy seng 5. Symphonie geschriwwen. Si erënnert un den 300. Joresdag vun der Confessio augustana, den Dag, wou d’Lutheraner hiert Glaawensbekenntnis formuléiert an domadder eigentlech och de Grondsteen vun der Reformatioun geluecht hunn. A senger Reformationssymphonie zitéiert de Mendelssohn am Schlusssaz dee bekannte Luther-Choral “Eine feste Burg ist unser Gott”. Dir héiert d’Reformatiounssymphonie an enger Live-Opnam mam Orchestre national de France, deen am Ablack turbulent Zäiten duerchmécht. Déi franséisch Cour des Comptes huet den zoustännege Kulturpolitiker nämlech proposéiert, datt den Orchestre national de France mam Orchestre Philharmonique de Radio France fusionéiere sollt. D’lescht Joer war scho probéiert ginn, ee gemeinsamen Intendant fir béid Orchesteren duerchzesetzen, wat d’Museker awer verhënnert hunn. (Rediff. vun donneschdes, 14:00)