Concert Euroradio
Concert Euroradio: Oper
Fidelio, opus 72 ass déi eenzeg Oper, déi de Ludwig van Beethoven komponéiert huet.Dës Oper gouf 1804 bis 1805 ënnert dem Titel Leonore geschriwwen, ier se 1814 zu enger neier definitiver Versioun revidéiert gouf. D’Intrig zielt vum Leonore, déi sech als Mann verkleet, fir hire Mann Florestan aus engem spuenesche Prisong ze befreien. E Prisong dee vum Gouverneur ganz arbiträr gefouert gëtt. De Manuel Ribeiro proposéiert eng Concertsversioun vum Fidelio, opgeholl vum WDR an der Beethovenhalle zu Bonn den 29. September 2013.Den German Chamber Chorus, German Chamber Philharmonic Orchestra vu Bremen, stinn ënnert der Direktioun vum Paavo Järvi. Soliste sinn ënnert anerem: Burkhard Fritz, Emily Magee, Detlef Roth an Evgeny Nikitin. (Rediff. donneschdes, 20:00)15:59 Meteo