Concert Euroradio
Concert Euroradio: Oper
Eng Redécouverte an der Operezeen ass Aben Hamet vum Théodore Dubois, hei als Live-Matschnëtt vum kanadesche Radio den 1. Juni 2013 vun der OperAben Hamet vum Théodore Dubois als Concertsversioun an der Saint Lambert’s United Church zu Montreal. Den Théodore Dubois huet sech gären um moslemeschen Orient inspiréiert . Esou entstoung d’Oper Aben Hamet am Joer 1884 no der Nouvelle vum Chateaubriand: Les aventures du dernier Abencérage, aus de Joren 1809 an 1810. D’Librettiste vun der Oper, Détroyat an de Lauziéires, hunn d’Gedicht ëmgewandelt an eng “Grand Opéra” a 4 Akten, mat Zeene vu Mënschemassen, grouss Feieren, Schluechtszeenen, mat och enger Partie Heldinnen wéi d’Zuléma, d’Mamm vum Held, déi d’Schicksal erausfuerderen an den Opstand vu Granada initiéieren.Solisten: Nicolas Rivenq, Aben-Hamet; Marc Boucher, Le Duc de Santa-Fé; Julie Fuchs, Bianca; Pascale Beaudin, Alfaïma; Nora Sourouzian, Zulema. L’Orchestre de chambre de la Montérégie. Chœur du Festival Classica. Chef de chœurs: Martin Dagenais. Direktioun: Jean-Claude Malgoire.Presentéiert vum Manuel Ribeiro. (Rediff. vun dënschdes, 14:00)