Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert Euroradio

100komma7.lu / Concert Euroradio

/ Concert Euroradio: Oper

Concert Euroradio: Oper

Eng Redécouverte an der Operezeen ass Aben Hamet vum Théodore Dubois, hei als Live-Matschnëtt vum kanadesche Radio den 1. Juni 2013 vun der OperAben Hamet vum Théodore Dubois als Concertsversioun an der Saint Lambert’s United Church zu Montreal. Den Théodore Dubois huet sech gären um moslemeschen Orient inspiréiert . Esou entstoung d’Oper Aben Hamet am Joer 1884 no der Nouvelle vum Chateaubriand: Les aventures du dernier Abencérage, aus de Joren 1809 an 1810. D’Librettiste vun der Oper, Détroyat an de Lauziéires, hunn d’Gedicht ëmgewandelt an eng “Grand Opéra” a 4 Akten, mat Zeene vu Mënschemassen, grouss Feieren, Schluechtszeenen, mat och enger Partie Heldinnen wéi d’Zuléma, d’Mamm vum Held, déi d’Schicksal erausfuerderen an den Opstand vu Granada initiéieren.Solisten: Nicolas Rivenq, Aben-Hamet; Marc Boucher, Le Duc de Santa-Fé; Julie Fuchs, Bianca; Pascale Beaudin, Alfaïma; Nora Sourouzian, Zulema. L’Orchestre de chambre de la Montérégie. Chœur du Festival Classica. Chef de chœurs: Martin Dagenais. Direktioun: Jean-Claude Malgoire.Presentéiert vum Manuel Ribeiro. (Rediff. donneschdes, 20:00)15:59 Meteo

Episoden

Baritonsänger, genee wéi säi Papp

Deen éisträicheschen Operesänger Liviu Holender séngt Musek vum Gustav Mahler.

De Francesco Tristano um Vilnius Midsummer Festival

De Lëtzebuerger Museker an den New Ideas Chamber Orchestra reinterpretéieren dem Bach säi 7. Concerto a spillen och iwwerraschend Wierker vum Lëtzebuerger Pianist. Eng Mëschung tëschent Klassik, Jazz an Techno ...

En Owend voller Sibelius

Dem finneschen Nationalkomponist seng éischt a lescht Sinfonie a säi beléiften a virtuose Geieconcerto stinn um Programm.

Déi jonk Pianistin Danae Dörken

Si an dee jonke Geiist Dmitry Smirnov spillen zesumme mam Deutsches Symphonie-Orchester.

Yuja Wang an d'Berliner Philharmoniker spillen op der Waldbühne

E virtuosen a magesche Programm: mächteg Kompositioune vu Mussorgsky a Prokofieff treffen op brillant Stécker vum Ravel.

Haydn, Brahms a Strauss

D’Wiener Symphoniker huelen eis mat op eng Rees vun der Wiener Klassik bis béi déi däitsch Spéitromantik.

Sheku Kanneh-Maston spillt Elgar

Lauschtert de Concert vum jonken Cellist beim Verbier Festival 2023

En Owend mat der Sheherazade

De Sinfoneschen Orchester vu Radio France ënner der Baguette vum Pietari Inkinen hëllt eis mat op eng Rees duerch en imaginéierten Orient. D'Sopranistin Fatma Saïd iwwerhëllt d'Roll vun der Sheherazade.

Inspiratioun aus der Renaissance

De Sinfonieorchester Norrköping spillt Wierker, déi vun zwee bedeitende Renaissance-Moler inspiréiert goufen.

Bruckner 5

De WDR Sinfonieorchester spillt déi fënneft Sinfonie vum Anton Bruckner, ënner der Leedung vum Marek Janowski.

La France fantastique

De Shanghai Philharmonic Orchestra spillt Wierker vu franséische Komponisten: Bizet, Debussy, Fauré a Franck.

ICMA

De Gala-Concert vun den International Classical Music Awards 2024

ICMA

De Gala-Concert vun den International Classical Music Awards 2024

Piotr Anderszewski spillt Bartók

Zesumme mam Orchestra della Svizzera italiana interpretéiert de Solist dem Béla Bartók säin drëtte Pianosconcerto.

Nëmme Mozart fir de 75. Jubiläum

D'London Mozart Players feiere mat engem grousse Mozart Programm: 2 Pianosconcertoen, 3 Operenarien an d'Haffner-Sinfonie stinn op der Affiche.

Den Igor Levit an d'NDR Elbphilharmonie spille Brahms a Bartók

Ënner der Baguette vum Alan Gilbert spillen si den drëtte Pianosconcerto vum Bartók an déi éischt Sinfonie vum Brahms.

Concert Euroradio

Musek vum Erwin Schulhoff, Ludwig van Beethoven an Franz Schmidt

Mozart, Beethoven a Mahler

Den Adam Fischer dirigéiert den Danish Chamber Orchestra mat engem Concerto fir Cor an engem Arrangement vu sengem Papp.