Concert
Concert
Live-Matschnëtt vun der Johannespassioun vum Georg Friedrich Händel de 25. Mäerz 2007 am CAPE zu Ettelbréck am Kader vum “Klenge Maarnicher Festival” 2007. Direktioun: Vaclav Luks a Marc Jacoby Interpreten: Ensemble vocal vum Conservatoire du Nord, Ensemble vocal «Cantica» an den Orchester «Collegium 1704 Prag». Solisten: Mariette Lentz, Sopran; Gabriele May, Alt; Jean-Paul Majerus, Tenor; Klaus Wenk, Tenor; Markus Schmidt, Bass. Dës Passioun, déi en aneren Opbau wéi soss Passiounen huet, ass an der Karwoch vu 1704 eng éischte Kéier zu Hamburg opgefouert ginn a gëtt dem jonken Händel zugedeelt, obschonn vill driwwer diskutéiert gëtt, ob se wierklech vum Händel staamt. Presentéiert vum Fernand Weides. (Reprise vu sonndes mueres)