Soundtracks & Classics

Martine Reuter Manuel Ribeiro

Kompositioune fir de Kino an de klassesche Repertoire - Wat ënnerscheet Filmmusek vun de klassesche Wierker? Ginn et Iwwerschneidungen? Oder lafe se parallel nieftenaner? Wat sinn déi musikalesch Eegeschafte vun deene spezifesche Genren?

Georges Delerue - Francois Truffaut.jpg

De "Concerto de l'adieu" ass e Concerto fir Gei an Orchester, dee fir de Film "Dien Bien Phu" benotzt gouf. E Concerto, dee scho wäit virum John Williams senger eppes ähnlecher Filmmusek zu "Schindlers List" erauskoum. Mee nieft dëser faméiser Musek vum Delerue huet hie vill bekannte Filmer vertount a mat Regisseuren zesummegeschafft wéi den Jean-Luc Godart, François Truffaut, Philippe de Broca, Gérard Oury, Alain Cornaud ...

Mee och am Klassikbetrib war de Goerges Delerue immens produktiv. De Manuel Ribeiro kënnt op dem franséische Komponist seng Carrière zeréck.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen