Post vum Christiane

D'Christiane Walerich ass ee Joer laang op Weltrees. Dësen Trip féiert d'Journalistin duerch Australien, Neuseeland, Japan, d'USA, Brasilien a Südafrika. Impressioune vun der Rees schéckt d'Christiane eis eng Kéier am Mount op Lëtzebuerg.

Mikroorganismen, Bakterien a Champignone sinn d'Energiliferanten fir d'Planzen a suerge fir ee gesonde Buedem. Leider hunn d'Agrartechnike vum 20. Jh. - de Plou, Chemiedünger a Pestiziden - gréisstendeels derzou bäigedroen dëse fruchtbare Buedem ze zerstéieren.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Buedem voll mat Liewen

    D'Äerd ass den eenzeg bekannte Planéit, dee Biologie am Buedem huet. Haut allerdéngs, ass d'Hallschent vun dësem Buedem weltwäit opgebraucht.

  • The future of food

    Wéi gesäit d'Zukunft vum Ubau a Japan aus? Mir waren op zwou Plazen: op enger organescher Farm an an enger Hightech Indoor Farm.

  • Japan: Loss of Population

    An Japan verdénge just nach ronn 4 Prozent hiert Liewe mat der Landwirtschaft an den Duerchschnëttsalter vun de Bauere läit bei 65 Joer.

  • Vu Kiwien a Piniekären

    D'Kiwifruucht ass wuel de bekanntsten Exportartikel aus Neuseeland - mee och Piniekäre reese wäit ... - an dat virum Hannergrond vum Klimawandel.

  • Cheese

    Alles Kéis am Land vu Mëllech an Hunneg? E Kéisverkeefer an ee Kéishiersteller vermëttelen een Androck iwwer dëst Naturprodukt.

  • En éischten Abléck an Neuseeland

    Foodien hu Konjunktur - fir méi gewuer ze ginn, hu mir eis op eng Tour gemaach an entdecken dobäi och dat lokaalt Superfood aus Neuseeland.

  • Permakultur als Zukunftsvisioun?

    Wat ass Permakultur? Iwwer hir Chancen a Schwieregkeete schwätze mir mat engem jonke Farmer an dem Permakultur-Matbegrënner, David Holmgren.

  • The Invisibel Farmer

    Dat sinn engersäits d'Fraen an der Landwirtschaft, mee och déi kleng Farmen ...

  • Aboriginals: Liewensmëttel an Identitéit

    Wat ass Nahrungskultur? Wat ass se virun allem, wann een den Zougank zur Natur verluer huet? Op dëser Sich sinn d'Aboriginals vun Australien.

  • Work and Travel an Australien

    Reesen a Schaffen an Australien, dat wëllen ëmmer méi Jonker. D'Landwirtschaft ass mëttlerweil esouguer op déi Aushëllef ugewisen.

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen