Gezeechent - d'BD vum Mount

Jeff Thoss

Eng spannend BD oder eng aussergewéinlech "graphic Novel" stelle Iech de Jeff Thoss all éischte Freideg am Mount vir. Daucht mat him an d'Welt vu de Comics an a loosst Iech verzauberen.

Rusty Brown erzielt d'Geschicht vu véier Personnagen, déi als Schüler oder Proffen an de Siwwenzeger Joren all an der selwechter Schoul an Omaha, Nebraska waren. De Rusty ass a klenge Bouf, deen a senger Phantasie e Superheld ass. Säi Papp Woody ass e verbatterte Mann, dee seng mësslonge Bezéiungen a Science-Fiction-Geschichte verschafft.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Chris Ware: Rusty Brown

    Rusty Brown erzielt d'Geschicht vu véier Personnagen, déi als Schüler oder Proffen an de Siwwenzeger Joren all an der selwechter Schoul an Omaha, Nebraska waren.

  • Frank Schmolke, Nachts im Paradies

    De Frank Schmolke ass laang Joren zu München nuets Taxi gefuer. Seng Erliefnesser huet hien a senger zweeter Graphic Novel verschafft.

  • Wage Slaves

    Eng Graphic Novel vun der polnescher Autorin Daria Bogdanska, op Schwedesch geschriwwen, entretemps op Däitsch an op Franséisch iwwersat.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

    • Kultur - Mille Sessions

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • The Jim Kent Show

Net verpassen

  • Haut den Owend live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen