Een Thema, e Buch

Ronderëm d'Thema vum Mount proposéiert de radio 100,7 eng Rei interessant Bicher zu der selwechter Thematik. D'Bicher, déi esouwuel aus dem Beräich Literatur, wéi aus dem Domaine vum Sachbuch komme kënnen, gi rezenséiert vun der Kulturredaktioun.

Am leschten Deel vun eiser Serie "Een Thema - e Buch" fir dës Saison hunn d'Valerija Berdi an de Michel Delage Gedichter zum Thema Mound zesummegesicht. Apollinaire an Heine, Rimbaud an Albrecht ...  eng poetesch a musikalesch Rees bei de Mound ...

Lauschteren

Nächst Emissioun

Ulrike Moser -Schwindsucht

Rezent Emissiounen

  • Gedichter ronderëm de Mound

    De Mound an der Poesie - eng Selektioun vun däitschen a franséische Gedichter aus laang vergaangenen Zäiten.

  • Ulrich Woelk - Der Sommer meiner Mutter

    E Coming of age-Roman, dee mat der Moundlandung vill gemeinsam huet.

  • Paul Auster - Moon Palace

    "De Mound ass Mythos, e stralend Diana, d'Bild vun all deem, wat an eis däischter ass. Mound ass Phantasie, Léift, Wahnsinn."

  • Mäin Duerf, wann ech zeréck kommen...

    Dem Italiener Cesare Pavese säi leschte Roman "La Luna e i falò" (1950) ass eng Reflexioun iwwer Heemecht, Exil, Erënnerungen an Desillusiounen.

  • Godfather um Mound

    Sou gëtt an engem Joerhonnert d'Muecht um Mound ëmkämpft! "Nouvelle Lune" (New Moon) ass den Optakt vum Ian McDonald seng Science fiction-Trilogie "Luna".  

  • Jaroslav Rudis - Winterbergs letzte Reise

    "Warum lesen Sie keine Geschichtsbücher, lieber Herr Kraus? Sie könnten das alles längst wissen mit Cornus sanguinea und Königgrätz und Sarajevo und mit der Eisenbahn"

  • Claudio Magris: "Danubio"

    Reesbericht, Kulturgeschicht, Reflexioun iwwer d'Zäit, iwwer Krich a Fridden, iwwer Europa ... De Claudio Magris hat der Donau 1986 ee beandrockend Denkmal gesat.

  • Robert Menasse - Kritik der europäischen Vernunft

    "Was fehlt? Vieles. Was kann ich noch anfügen? Ein pathetisches Wort: Es lebe die Europäische Republik!"

  • Dem Drieu la Rochelle säin Europa

    1928 hat de franséische Schrëftsteller Pierre Drieu la Rochelle, spéideren Nazi-Kollaborateur, fir d'Vereenegt Staate vun Europa plädéiert.

  • Yoko Ogawa - Zärtliche Klagen

    "Es ist nur wegen des Cembalos, versuchte ich mich zu beruhigen. Es ist sein Timbre, das dir so nahe geht."

  • Dem Akutagawa seng Obsessiounen

    Am "Patient X. The Case-Book of Ryunosuke Akutagawa" geet den David Peace engem vun de wichtegste japanesche Schrëftsteller vum 20. Joerhonnert op d'Spuer.

  • Julie Otsuka - Wovon wir träumten

    En aussergewéinleche Portrait vun der Immigratioun vu Japanerinnen an Amerika

  • "Si hate verstanen, wéi gëeent si waren"

    Eng Revolt géint déi onmënschlech kapitalistesch Ausbeutung: dem Kobayashi Takiji säi Klassiker "Le Bateau-usine" (1929) ass ëmmer nach héich-aktuell.

  • Saleem Haddad - Guapa

    Nine-eleven, arabescht Fréijoer, eng Grousmamm, déi alles zesummenhält a matzen dran, d'Sich no der Identitéit, déi keen esou richteg begräife kann.

  • Hunter S. Thompson: "Hell's Angels"

    Een nach Onbekannte jonke Schrëftsteller sollt 1967 mat sengem Buch iwwer déi kalifornesch Motorradgang seng Carrière als Gonzo-Journalist lancéieren.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Time Out

  • Trendscheif

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen