Chrëschtdag uechter d'Welt

Luc Boentges

Wéi feiert d'Welt Chrëschtdag musikalesch, mee och soss? Op Hellegowend maache mir eis op eng Rees duerch d'Chrëschttraditioune vun enger ganzer Rei Länner.

Och wa ronderëm déi ganz Welt dat selwecht Fest gefeiert gëtt, ginn et dach Nuancen an de lokalen Traditiounen. An all Land ginn aner Platen zerwéiert, aner Desserte gi gebak an aner Lidder gi gesongen. De Luc Boentges geet op eng musikalesch Rees duerch d'Länner vun dëser Welt a lauschtert a verschidde Kompositioune ronderëm Chrëschtdag eran.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

    • Aktuelles - De komplizéiertsten Deplacement vun der Campagne

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • The Jim Kent Show

Net verpassen

  • Haut den Owend live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen