B-Radio

B-Radio ass déi aner Kulturemissioun hei um 100,7. Loosst Iech iwwerrasche vun dëser Emissioun, déi sech all Mount op eng speziell Manéier mat Kultur a Subkultur am breede Sënn beschäftegt. B-Radio, dat ass eng 100,7-Equipe ronderëm de Michel Delage, deen duerch Emissioun begleet.

B-RADIO---SUMMERSAMMELSURIUM.jpg

Summer ass Sonn, Summer ass Vakanz, Summer si Kandheetserënnerungen - eng lëschteg, rhythmesch an nodenklech Rees duerch eng hannerlëschteg Joereszäit! De leschte B-Radio vun der Saison mam Michel Delage, Valerija Berdi, Anne Georges, Philippe Hansen, Pierre Reyland an Jamie Reinert.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Summersammelsurium

    Summer ass Sonn, Summer ass Vakanz, Summer si Kandheetserënnerungen - eng lëschteg, rhythmesch an nodenklech Rees duerch eng hannerlëschteg Joereszäit!

  • Spezial Provokatioun

    Verschidde Kënschtler kann oder muss een als Provokateure bezeechnen. Anerer hu just deen Usproch - ouni ëm awer gerecht ze ginn ... Mir maachen den Tri!

  • Manga

    Manga, Anime, Cosplay ... Eng aus Japan importéiert Subkultur, déi sech och bei eis etabléiert huet. Mir exploréieren dës konterbont Welt op eng faarweg Manéier!

  • Lëtzebuerger Kultplazen

    Wie kennt nach de fréieren Tornado zu Péiteng oder de Flashback zu Uewerkuer? Déi aner Kulturemissioun léisst dës an aner Kultplazen nees opliewen.

  • Gigante vum klenge Fussball

    Am Kicker zielt Lëtzebuerg zur Weltelite an de Futsal gëtt hei am Land ëmmer besser - zwou spektakulär Sportaarten, déi absolut hir Plaz am B-Radio hunn!

  • Den Giallo-Stil

    Spannung, Blutt, Witz, mee och méi nodenklech an och absurd Momenter ... Dat alles erwaart Iech an der éischter Episod vun eiser neier Kulturemissioun.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

    • Kultur - Trauerwallis Omega 90

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen