1968 - Revolt an Utopie

Thierry Simonelli

50 Joer no '68 ginn d'Diskussiounen doriwwer, wat deemools geschitt ass, nach ëmmer mat Pathos op där enger a mat Zynismus an Iwwerhieflechkeet op där anerer Säit gefouert. War et eng bal gelonge sozialistesch Revolutioun, eng kollektiv Nervekris vu verwinnte Studenten, eng Kulturrevolutioun, déi grouss sexuell Befreiung, en allgemenge Befreiungskampf géint déi sozial a politesch Strukturen oder eng lénksextrem Hetzcampagne mat totalitären Uspréch?

An de leschte Jore vun der historescher Recherche ass eréischt kloer ginn, wéi global de Phänomen 68 war, och op der anerer Säit vun der Mauer, och an den Entwécklungslänner. Global, awer och, wéi een Historiker dat ausdréckt, intensiv lokal. Mee wéi ass et no 68 weidergaangen. Mee wat war dann elo am Réckbléck op 50 Joer '68? Op déi zwou Froen e puer kuerz Äntwerten am Hibléck op Däitschland a Frankräich vum Thierry Simonelli.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • 68 an duerno

    Wat bleift vun 68? Wéi ass et no 68 weidergaangen? Wat war dann elo am Réckbléck op 50 Joer '68?

  • D'Enn vun der Aarbecht

    Eng vun de groussen Utopië vun 68. Wéi vill aner 68er Utopië gouf och dës an den 90er Joren op eng zynesch Aart a Weis vun der Wuesstemsideologie recuperéiert.

  • Kommunen: déi aner Aart Gesellschaft ze maachen

    D'Zil vun dësen héich mediatiséierte politesche Wunngemeinschaften war et, d'Theorie vun der Revolutioun an d'Praxis ze iwwerféieren.

  • Konkret Utopien

    68 ass dacks méi bekannt duerch seng Revolten a Kritiken, wéi duerch d'Versich d'Gesellschaft och konkret ze veränneren.

  • Global Revolutioun a spontan Revolt

    Waren d'Evenementer vun 68 eng richteg Revolutioun? Oder dach nëmmen eng Serie vu Revolten? A wéi sinn déi zwee vun eneen ze ënnerscheeden?

  • Frankräich 68: bal eng Revolutioun

    Tatsächlech gouf et keen anert Land, wou esou vill Leit op de Stroossen ware fir ze manifestéieren, wéi am Frankräich.

  • Revolutioun a Gewalt

    Wéi sollt 1968 déi Revolutioun gemaach ginn? Mat Wierder oder mat Waffen? Mat witzege Spréch oder mat geziilter Provokatioun? Hei scheede sech d'Geeschter.

  • Spaassrevolutioun a lénke Faschismus

    Niewent dem Spaass gouf et séier doudeescht. Studente goufe vun der Police zesummegeschloen, ... an erschoss. Verschiddener wollten eng Staatsguerilla organiséieren.

  • Wat war 1968?

    1968 entdecke mir eng Welt voll Alternativen. Eng Welt an där den ekonomeschen Integrismus genee esou kritiséiert gouf, wéi seng politesch a sozial Institutiounen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen