"Iwwer de Sënn vum Kodéieren an der Grondschoul"

Kodéieren an der Grondschoul

Kodéieren, oder méi allgemeng Computational Thinking, gëtt als Method verstane fir problemléisend Denken ze fërderen; eng Denkweis, déi hëlleft, alldeeglech Problemer ze léisen, a Kanner an Jugendlecher dozou befäegt, déi digital Welt vun haut besser ze verstoen. Studie weisen, datt Kanner schonn a fréiem Alter opnamfäheg fir problemléisend Denke sinn.

An enger Diskussiounsronn ginn Invitéen dorobber an, wéi ee Stellewäert den Opbau vun dëse Kompetenzen aus pedagogescher, wirtschaftlecher an eethescher Perspektiv fir d'Kanner a déi Jonk huet.

Diskutéiert mat a schéckt Är Froen am Zesummenhank mam Kodéieren an der Grondschoul elo schonn op fro@webinar.lu oder iwwer WhatsApp op den 621 44 00 44.

De Webinar "Iwwert de Sënn vum Kodéieren an der Grondschoul" vum SCRIPT zesumme mam radio 100,7 - dësen Dënschdeg, 26.01. tëschent 14:30 a 16:00 um radio 100,7.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen