Wäiss a Schwaarz - Live-Produktioun mat der Sabine Weyer

Sabine Weyer_Martin Teschner.jpg

An der Pianosemissioun "Wäiss a Schwaarz" gi mir der Pianosliteratur op de Fong.                       
An der neier Episod vum Dezember sinn d'Pianistin Sabine Weyer an de Komponist Nicolas Bacri am Studio. Zesumme gi si en Abléck an dem Komponist seng Wierker. Des Weidere gëtt d'Pianistin en Abléck an d'Banneliewe vun hirem Repertoire. 

D'Sabine Weyer huet den 1. September 2018 hir drëtt CD mat Wierker vum Shostakovich, zesumme mat der Nordwestdeutsche Philharmonie an ënner der Leedung vum Erich Polz, erausbruecht. D'CD krut am Dezember 2018 dee gréissten éisträicheschen CD Präis Pasticcio vum Radio ORF a gouf am August 2019 fir den Opus Klassik Präis nominéiert.
Den Nicolas Bacri ass e franséische Komponist. Hien huet ënner anerem fir Radio-France geschafft a war Member vun der symphonescher Kommissioun vun der S.A.C.E.M. Säi Katalog enthält ongeféier 140 Opusnummeren.

Sidd den 21. Oktober um 11:45 live am Studio bei der Produktioun vun der Emissioun "Wäiss a Schwaarz" dobäi a kritt en exklusive Bléck hanner d'Kulissen!

Umelle fir dës Live-Produktioun kënnt Dir Iech bis de Freideg, 18. Oktober, op events@100komma7.lu.

D'Diffusioun um radio 100,7 ass den 8. Dezember um 14 Auer.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen