Den Tom Hermes gouf den 29. Mäerz 2023 als onofhängege Member vum Verwaltungsrot vum Média de Service public 100,7 ernannt. Hien ass deen éischten Administrateur, deen no engem ëffentlechen Appell fir Kandidaturen ernannt ginn ass. Dës nei Prozedur gouf mam Gesetz vum 12. August 2022, dat deem fréieren Établissement de radiodiffusion socioculturelle en neie Kader an en neien Numm ginn huet, geschafen.
Den Tom Hermes huet e Master of Science vun der RWTH Aachen an en MBA vum Collège des ingénieurs, Paräis. Hie wäert de Conseil mat senger Experienz am Project Management, an der Betribsgestioun an als Beroder vu PMEe beräicheren. Dee fréiere President vun der Studentenorganisatioun ACEL ass och, mat 32 Joer, dee jéngste Member vum Verwaltungsrot vum radio 100,7.
De Média de Service public 100,7 ass en onofhängegen Etablissement public. Säi Verwaltungsrot setzt sech aus sechs onofhängege Memberen an dräi Staatsvertrieder zesummen. Den Tom Hermes iwwerhëlt d'Mandat vun der Renée Wagener, déi de Verwaltungsrot am Januar 2023 aus beruffleche Grënn verlooss huet. Dëst Mandat geet nach bis August 2024. Et kann erneiert ginn. D'Ernennung gouf op Propos vum Verwaltungsrot gemaach an duerch de Regierungsrot iwwer en Arrêté grand-ducal formaliséiert.