Sensibelt Theema: Stierfhëllef

Stierfhëllef

Mëttwoch, den 12.2. um 9:40, 10:10 an 13:40

D'Stierfhëllef ass ee sensibelt Theema, dat an den EU-Memberlänner ganz ënnerschiddlech behandelt gëtt. Holland, d'Belsch a Lëtzebuerg hunn europawäit déi liberaalst Gesetzer. Hei ass d'Stierfhëllef net just erlaabt, wann d'Patienten eng onheelbar kierperlech Krankheet hunn, mee och wa si psychesch krank sinn. Mee d'Euthanasie am Fall vu psychesche Krankheeten ass net onëmstridden a vill Dokteren di sech schwéier domat.

D'Anne Kleinknecht huet sech doriwwer mat Experten ënnerhalen an och mat enger jonker belscher Fra, déi keng Suizidgedanke méi huet, zanter si Stierfhëllef accordéiert krut.
 
Iwwer dëse Reportage a méi spezifesch d'Situatioun zu Lëtzebuerg, ënnerhale mir eis och mam Invité am Moies-Magazin, dem Psychiater Paul Rauchs um 10:10. Hien ass Member an der nationaler Kontroll-Kommissioun fir d'Evaluatioun an d'Applicatioun vum Euthanasie-Gesetz.

Mëttwoch, den 12.2.: Mäin Europa um 9:40 an 13:40 an Invité am Moies-Magazin: Paul Rauchs um 10:10

Lauschtert hei

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen