19.12. Riicht eraus: Wéi geet et de Gemengen?

Riicht Eraus: Hallefzäit fir d'Gemengewalen

Et ass Hallefzäit tëschent de Gemengewale vun 2017 an 2023. Mir notzen d'Geleeënheet fir mat Gemengeresponsabelen een Tëschebilan ze maachen: Wéi eng Ziler hu si sech gesat? A wou sinn d'Projeten drun? A wéi een Afloss huet d'Corona-Pandemie op d'Situatioun vun de Gemengen?

Et diskutéieren d'Buergermeeschterinnen d'Simone Massard-Stitz (CSV) vu Sandweiler, d'Pascale Hansen (DP) vu Bettenduerf an d'Simone Asselborn-Bintz (LSAP) vu Suessem.
 
Moderatioun: Pia Oppel

Lauschtert de Riicht eraus hei.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen