31.10. Riicht eraus mam Staatsminister Xavier Bettel

RER.png

D'Corona-Epidemie huet villes op d'Kopp geheit: Esou huet d'Regierung vum Xavier Bettel (DP) eleng zanter der Ried zur Lag vun der Natioun vu virun zwou Woche schonn nees missen an en anere Modus wiesselen. Zanter där Deklaratioun de 14. Oktober am Parlament huet d'Zuel vun den deeglechen Neiinfektioune mam Coronavirus sech vervéierfacht, d'Zuel vun den Hospitalisatioune sech verdräifacht.   
 
Muss déi blo-rout-gréng Koalitioun kuerzfristeg nach méi streng Mesuren decidéieren, esou wéi dat rezent an den Nopeschlänner scho geschitt ass? Gouf d'sanitär Kris bis elo gutt geréiert? A wéi vill Spillraum huet d'Lëtzebuerger Regierung nach fir politesch Akzenter an der zweeter Hallschent vun dëser Legislaturperiod?
 
Doriwwer schwätzt de Jean-Claude Franck mam 47-Joer ale Xavier Bettel, dee viru siwe Joer Regierungschef ginn ass a fir d'zweete Kéier eng Dräierkoalitioun tëschent DP, déi gréng an LSAP uféiert.

Lauschtert de Riicht eraus mam  Staatsminister Xavier Bettel hei.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen