7.11. Riicht eraus: Sam Tanson, Myriam Muller, Gilles Pegel

#RiichtEraus Kultur

Wärend dem Confinement huet sech d'Kultur praktesch just virtuell ofgespillt. Elo sinn Kulturhaiser erëm op, awer mat Restriktiounen, déi d'Zuel vun de Visiteuren drastesch reduzéieren.

Op den drëtte Kulturassisen hu sech eng Rei Artisten d'Fro gestallt, ob si an hirem Métier weidermaache kënnen. An engem Communiqué fuerdert d'Initiativ Forum Culture(S), datt de "liewenswichtege Produit Kultur" e "Bien commun" gëtt.  

Wéi steet et ëm de Besoin u Kultur zu Lëtzebuerg? Wéi wichteg ass se an der Zäit vu Corona? Wéi eng Revendicatiounen huet de Kultursecteur un de Staat? Féiert de Kulturentwécklungsplang an déi gewënschte Richtung? Wéi gesäit d'Realitéit um Terrain aus?

Fir op dës Froen Äntwerten ze fannen, sinn d'Kulturministerin Sam Tanson, d'Theaterregisseurin a Schauspillerin Myriam Muller an de Kënschtler Gilles Pegel Invitéen a Riicht eraus. 

Moderatioun: Valerija Berdi
 
Lauschtert d'Diskussioun hei.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen