Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

Sonndeg, 19.1. um 11:00 an 18:00
Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.
Wat kann zu Lëtzebuerg dogéint ënnerholl ginn? Wéi staark kann a soll de Staat intervenéieren? Wéi eng Verännerunge soll a wäert déi geplangte Reform vun der staatlecher Pressehëllef mat sech bréngen?
Doriwwer diskutéiere mir a Riicht eraus mat der Josée Hansen, Chefredactrice vun der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land, mam Mike Koedinger, Haaptaktionär vum Grupp Maison Moderne (ë. a. Paperjam an Delano) a mam Jean-Lou Siweck, Direkter vum Grupp Editpress (ë. a. Tageblatt a L'essentiel)
D'Emissioun Riicht eraus héiert Dir dëse Sonndeg um 11:00 an 18:00 um radio 100,7.
Moderatioun: Jean-Claude Franck.