Riicht eraus mam Henri Grethen

Henri Grethen

Sonndeg, 12.1. um 11:00 an 18:00 

Zwielef Joer laang war den Henri Grethen de Lëtzebuerger Member beim Europäesche Rechnungshaff um Kierchbierg: Dëse Sonndeg ass de fréieren DP-Politiker den Invité an eiser Emissioun Riicht eraus.

Mam 69 Joer alen Henri Grethen kucke mir zréck op seng Karriär. Laang Jore war hien DP-Generalsekretär an Deputéierten. An der CSV-DP-Regierung tëschent 1999 an 2004 war den Henri Grethen Wirtschafts- an Transportminister. Zanter 2008 a bis Enn 2019 war hien um Europäesche Rechnungshaff.

D'Emissioun Riicht eraus mam Henri Grethen héiert Dir dëse Sonndeg um 11:00 an 18:00 um radio 100,7. Moderatioun: Serge Kesseler.

Lauschtert hei

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen