Riicht eraus mam Franz Fayot, Max Hahn, Marc Lies a Semiray Ahmedova

Riicht eraus - Wunnengsbau.png

Pakt Logement: Verbindlechen oder fräiwëllege soziale Wunnengsbau?

Mat de Gemenge méi bezuelbare Wunnraum schafen, dat ass d'Zil vum zukünftege Pakt Logement. Am Dezember soll d'Chamber sech dozou positionéieren. D'Majoritéitsparteie si sech net iwwert all Moossnamen eens. D'CSV huet Iddien, mee och kontradiktoresch Positiounen zu méi restriktive Reegelungen. De Pakt Logement ass d'Thema a Riicht eraus, dëse Sonndeg.

Et diskutéieren d'Deputéiert Franz Fayot vun der LSAP, de Max Hahn vun der DP, de Marc Lies vun der CSV an d'Semiray Ahmedova vun déi gréng.

Riicht eraus, dëse Sonndeg vun 11 bis 12 Auer (Rediffusioun: 18-19 Auer)
Moderatioun: Carole Schimmer

Lauschtert hei

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen