Ëffentlech-rechtlech Medien am Verglach

Riicht eraus - Ëffentlech-rechtlech Medien

Sonndeg, 1.3. um 11:00 an 18:00 


Den audiovisuelle Service Public gehéiert an Europa zanter dem 20. Joerhonnert zur Grondausstattung vun enger intakter Demokratie. Mee wéi mussen déi ëffentlech-rechtlech Medien opgestallt sinn, fir relevante Contenu am allgemengen Interessi ze liwweren? Doriwwer soll d'Chamber an den nächste Wochen eng Orientéierungsdebatt féieren, an där et och ëm d'Missiounen an de legale Kader vum radio 100,7 wäert goen.

Am Virfeld woe mir e Bléck iwwer den Tellerrand: Iwwer d'Plaz vum an d'Defie fir de Service Public an hire Länner diskutéieren d'Bettina Schmieding vum Deutschlandfunk, de Klaus Unterberger vum éisträichesche Rundfunk ORF an de Bakel Walden vun der Schwäizer Radios- an Tëleesgesellschaft SRG.

Moderatioun Pia Oppel.

Riicht eraus, dëse Sonndeg um 11:00 an 18:00 um radio 100,7.

Lauschtert hei

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen