26.1. Riicht eraus: "Dynamit fir d’Dynastie"?

Dynamit fir d’Dynastie?

Sonndeg, 26.1. um 11:00 an 18:00 

D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dëst sinn alles Saachen, déi viru Joren nach ondenkbar gewiescht wären. Ass dat Dynamit fir d'Dynastie? Oder just e Stuerm, dee vergeet?

Doriwwer diskutéiert de Maurice Molitor e Sonndeg mat der Historikerin Josiane Weber, dem fréiere Chambellan Paul Dostert, dem Verfassungsexpert Luc Heuschling an dem Ex-Feierkrop-Chronist Jacques Drescher.

D'Emissioun Riicht eraus héiert Dir dëse Sonndeg um 11:00 an 18:00 um radio 100,7.

Lauschtert hei

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen