Mam Claude Seywert iwwer d'Energietransitioun

Claude Seywert

Sonndeg, 16.2. um 11:00 an 18:00 


Ass Lëtzebuerg prett fir d'Energietransitioun?
Doriwwer schwätze mer e Sonndeg an der Emissioun Riicht eraus mam Claude Seywert. Hien ass Generaldirekter vum Lëtzebuerger Energiekonzern Encevo. Wéi reagéiert dee gréisstendeels staatleche Konzern op d'Energietransitioun? Wéi gesäit Encevo säi Businessmodell an Zäite vu Klimawandel?

Dat freet de Pierre Reyland de Claude Seywert an der Emissioun Riicht eraus, dëse Sonndeg um 11:00 an 18:00 um radio 100,7.

Lauschtert hei

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen