Paulette Lenert - Eng klassesch Quereinsteigerin

Paulette Lenert

Sonndeg, 2.2. um 11:00 an 18:00 

Si ass eng klassesch Quereinsteigerin: Virun annerhallwem Joer haten déi mannst d'Paulette Lenert op der Rechnung fir eng politesch Féierungsroll ze iwwerhuelen. Si gouf 2018 Ministerin fir Entwécklungszesummenaarbecht a Verbraucherschutz. Elo steet si kuerz virdrun de Gesondheetsministère ze iwwerhuelen - an ass domat eng vun de wichtegste Politikerinnen an der LSAP.

Wat huet d'Paulette Lenert motivéiert fir d'LSAP an d'Regierung ze wiesselen? A wéi eng politesch Ziler huet si sech fir déi nächst Jore gesat? Dat freet de Rick Mertens déi designéiert Gesondheetsministesch.

D'Emissioun Riicht eraus héiert Dir dëse Sonndeg um 11:00 an 18:00 um radio 100,7.

Lauschtert hei

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen