Online Chouer mam 100,7 an INECC

Online Chouer

Chouersangen ass net nëmmen gutt fir d'Séil, mee et huet och zu Lëtzebuerg eng grouss Traditioun. Well den Ament weder Prouwen nach Concerten organiséiert kënne ginn, proposéieren den INECC an de radio 100,7 elo fir all begeeschterte Sänger en Online-Chouer. Dat éischt Wierk um Programm ass de Bach-Choral: "Von Gott will ich nicht lassen".
 
De Chouer funktionéiert nom Prinzip, datt sech d'Sänger bei sech doheem ophuelen. Déi eenzel Videoe ginn dann zu engem eenzegen zesummegestallt an d'Stëmme gi vun engem professionellen Tounmeeschter gemixt. Zum Schluss gëtt béides nees zesummegeféiert an d'Resultat online gestallt.
            
Wéi matmaachen?
 
Fir ze participéiere ginn dräi einfach Schrëtt duer: Umellen, Ophuelen an Eraschécken. Nodeems ee sech iwwer d'E-Mail-Adress info@inecc.lu ugemellt huet, kritt een en teschneschen How-To, d'Nouten an e Playback-Video geschéckt. Op dësem Video gesäit een den Dirigent Nicola Billaux an et héiert een de Bachchoral.
 
Wann een d'Nouten e bësse geüübt huet, filmt ee sech mam Smartphone, wärend ee synchron mam Playback-Video matséngt. Als lescht schéckt een den eegene Video dann un den INECC.
            
Wann déi eenzel Stëmmen zesummegestallt sinn an de Mix fäerdeg ass, gëtt de Choral online iwwer d'Facebooksäite vum INECC a vum radio 100,7 publizéiert, wéi och op 100komma7.lu an e gëtt an der Emissioun Resonanzen um radio 100,7 diffuséiert.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen