Nei Emissioun: Dramkapsel

Dramkapsel

Samschdeg, den 8.2. um 22:08

Dramkapsel - Ob psychedelesch, ambient oder Pop: Musek reegt zum Dreemen un. Dat maachen och d'Theeme vun dëser Playlist-Emissioun: si si fir den Alldag hanner sech ze loossen an iwwer déi grouss, déi verstoppten, déi ganz kleng, déi fantastesch, déi bizar an déi scheinbar selbstverständlech Saachen nozedenken. An hei an do Leit kenneléieren, déi dat och gäre maachen.
 
An eiser éischter Emissioun schwätze mir mam Steve Owens, engem Astronom aus Schottland, Auteur vu "Stargazing for Dummies", iwwer déi spannend Fro: Wou der Däiwel si mer hei am Fong? Ee Gespréich zum aktuelle Stand vun der Kosmologie.

Mee nach eppes géif eis interesséieren: Wéi eng Lidder oder Museksstécker doen Iech vum wäiten Espace vum Weltraum dreemen?

Schéckt eis Är Propositioune fir d'Dramkapsel-Astronaute-Playlëscht virum 8.2. op dramkapsel@100komma7.lu.

Lauschtert hei

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen