Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ natur&ëmwelt: Reform vum Naturschutzgesetz stellt eng Gefor fir d'Natur duer

Naturschutz

natur&ëmwelt: Reform vum Naturschutzgesetz stellt eng Gefor fir d'Natur duer

Et géif ee verstoen datt een d’Autorisatiounsprozedure wéilt vereinfachen, mee verschidden Elementer am Gesetzprojet reduzéieren d’Kontrollméiglechkeeten iwwert d’Biodiversitéit. Dat schreift d’Ëmweltorganisatioun natur&ëmwelt an hirem Avis zum Gesetzprojet.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

D’Zil vun der Reform vum Naturschutzgesetz ass et am urbane Raum méi einfach kënnen ze bauen, ouni richteg ze analyséieren, wat op deene Broochen entstanen ass. Och baussent de Gréngfläche kéinten et wichteg Biodiversitéitselementer ginn, déi net esou einfach sinn ze kompenséieren, erkläert d’Claudine Felten, Direktesch vun natur&ëmwelt.

"Huet sech awer vläicht an der Tëschenzäit iergendeng Aart ugesidelt oder iergendeppes sech entwéckelt u Vegetatioun, wat lo méi seelen ass a wat schützenswäert wier a wat mer misste kucke wéi mer dat, jo, noutfalls dann op eng aner Plaz ëmgesidelt kréien."

Prinzip vum Silence vaut accord net déi richteg Léisung

Eng weider Kritik betrëfft de Prinzip vum Silence vaut accord. Dat heescht, wann een Demandeur bannent engem bestëmmten Delai keng Äntwert kritt vun der Verwaltung, gëllt dat automatesch als Accord fir säi Projet.

Et géif opfalen, datt den Ëmweltministère bei den Demanden net nokënnt, erkläert Claudine Felten. Dat kéint ee Grond sinn, firwat een op dee Prinzip setzt. Fir si missten et awer aner Léisunge ginn. 

De Gesetzprojet gesäit och vir, datt een an Zukunft eng Ëmweltimpaktetude bei 4 Hektar muss realiséieren, am Plaz vun zwee Hektar ewéi bis elo. Domat géif een nach méi grouss Terraine kënne bebauen, ouni iwwerhaapt genee ze wëssen, wéi et do mat der Biodiversitéit steet, esou d’Organisatioun natur&ëmwelt.

Lauschterenplay_arrow