Manner séier – manner Accidenter

Mäin Europa

Mëttwoch, de 26.2. um 9:40 an 13:40


Ëmmer méi EU-Länner reduzéieren déi erlaabte Vitessen op de Stroossen. Well manner séier fueren heescht manner déidlech Accidenter - soe vill Verkéiersexperten.

Déi skandinavesch Länner hunn do d'Nues vir. Mee esou Vitessreduktioune kommen net bei jiddwerengem gutt un. A Frankräich, zum Beispill, gëtt weider gestridden, nodeems d'Vitess op ville Landstroosse vun 90 op 80 reduzéiert gouf.

Fir eis Serie Mäin Europa huet de Pierre Reyland an e puer EU-Länner nogefrot, wéi si déi sougenannte Vision Zero, also null déidlech Accidenter, wëllen erreechen. 

Mäin Europa: Mëttwoch, de 26.2. um 9:40 an 13:40 

Lauschtert hei

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen