Den Infirmiers-Beruff: Richtung international Penurie?

Mäin Europa: Mëttwoch, de 15.1. um 9:40 an 13:40
Fir datt de Gesondheetssystem funktionéiert ass Lëtzebuerg op d'Hëllef vun auslänneschem Fleegepersonal ugewisen. Dem Gesondheetsministère no sinn iwwer d'Hallschent vun den Infirmieren/ièren hei am Land Net-Lëtzebuerger. Den EU-Beruffsausweis vereinfacht d'Mobilitéit vun den Infirmieren/ièrë bannen der EU.
Mee wéi eng Konsequenzen op d'Spideeler vun eisen EU-Noperen huet d'Flucht vun den Talenter? Op wéi eng Schwieregkeeten treffen Infirmieren/ièren aus aneren EU-Länner a punkto Sprooch a Liewensqualitéit? A wat gëtt allgemeng géint déi international Penurie vun den Infirmieren/ièrë an der EU gemaach?
D'Maxi Pesch huet d'Acteuren um Terrain getraff.