29.4. Mäin Europa: Grenzkontrollen

Fënnefanzwanzeg Joer laang gouf et tëschent europäesche Memberstaaten, wéinst dem Schengener Accord, sou gutt wéi keng Grenzkontrolle méi. Duerch d'Covid-19-Kris huet sech dëst awer verännert. Och zu Lëtzebuerg ass een heivunner betraff, a wien iwwer d'Landesgrenz wëllt fueren, muss dofir e gudde Grond hunn.
Wéi lafen d'Policekontrollen un de Lëtzebuerger Grenzen of? A sinn dës eng Gefor fir den europäesche Projet? D'Rahel Könen gëtt en Abléck an déi aktuell Grenzsituatioun mat eise Nopeschlänner.