20.5. Mäin Europa: Déi sweedesch Approche

20.5. Mäin Europa

Enn Februar hunn déi meeschten europäesch Länner Ausgangsspären decidéiert fir d'Ausbreede vum neie Coronavirus anzedämmen. Een europäescht Land geet en anere Wee. Schweden.

Wéi eng Konsequenzen huet dat? Ka Schweden de Virus op déi Aart a Weis andämmen? Awéiwäit profitéiert d'Gesellschaft an d'Ekonomie vun dëse Fräiheeten?
 
D'Maxi Pesch huet sech e Bild iwwer d'Strategie vum nordeuropäesche Land gemaach.


Mäin Europa: Mëttwoch, den 20.5. um 9:40 an 13:40 

Lauschtert hei

Programm

Net verpassen

  • 29.11. Schengener Gespréicher: D'Groussregioun am Klengen

    Schengener Gespréicher

    D'Entwécklungskonzept Oberes Moseltal ass e gemeinsame Projet vu Rheinland-Pfalz, dem Saarland a Lëtzebuerg. D'Landesplanung steet am Vierdergrond. Iwwer dësen ambitiéise Projet diskutéieren déi zoustänneg Ministeren an de Regionalmanager.

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen