9.2. Live aus der Congresshalle vu Saarbrécken

Live aus der Congresshalle

An der 5. Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern ass dee bekannte Pianosduo als Gaascht mat dobäi. D'Schwëstere Katia & Marielle Labèque begeeschteren de Public schonn zanter Joerzéngten mat hirem Repertoire vu Klassik an Jazz à la Gershwin.
 
Dës Kéier héiere mer den Duo mat dem seele gespillte Concerto fir zwee Pianoe vum Bohuslav Martinu.
Am zweeten Deel spillt den Orchester, ënner der Direktioun vun hirem Chefdirigent Pietari Inkinen, dem Gustav Mahler seng 1. Sinfonie, genannt Titan.
 
Riesencrescendo mit Pauke, esou de Motto vum Concert, live aus der Congresshalle vu Saarbrécken, dëse Sonndeg um 11:04, mam SR2 KulturRadio an dem radio 100,7.

Lauschtert hei

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen