Literatur 2.0: Netzliteratur oder Hyperfiktioun?

litlab site.png

De radio 100,7 an d'Nationalbibliothéik invitéieren op déi 3. Editioun vum LiteraturLabo, de 27. Juni 2016 um 18:30 an der Nationalbibliothéik, Salle des Arts, 1. Stack.

Fir bei der LIVE Diskussioun dobäi ze sinn, reservéiert Är gratis Plazen op info@bnl.etat.lu

De Status “Auteur” huet sech duerch d’Méiglechkeet, Literatur einfach ouni Lektorat oder soss iergendeng Kontroll kënnen online ze publizéieren, grondleeënd verännert. Jidderee ka publizéieren an am Géigenzuch huet sech domat och de Rescht vum Literaturbetrib verännert: jidderee ka kritiséieren, jidderee kann editéieren ... mee gëtt och alles archivéiert? Wat kënnt mat der Digitaliséierung vu Literatur op déi klassesch Bicherketten duer? Auteur, Lecteur, Editeur, Drécker, Librairen, Lieser, Bibliothéik an Archiv – wéi verännert dat Digitaalt déi verschidde Beruffer, déi enk mat der Literatur verbonne sinn?
An d’Literatur selwer? Gëtt et en Afloss vum Digitalen op de literareschen Inhalt? A gëtt et eng digital Literatur avant la Lettre?

An der 3. Editioun vum LiteraturLabo de 27.6. um 18:30 diskutéieren d’Valerija BerdiLiteraturkritikerin a Mataarbechterin vum radio 100,7, d’Nathalie Bender, Journalistin beim 100,7 an de Jérôme Jaminet, Literaturkritiker an Däitschprofesser mat hirem Invité, dem Direkter vum Literaturarchiv zu Miersch, Claude D. Conter, iwwert d’Digitaliséierung vun der Literatur an d’Konsequenzen dovun.

Sidd live mat derbäi a reservéiert Är Plazen op: info@bnl.etat.lu
Diffusioun um radio 100,7: sonndes, 10. Juli um 10:05 an 18:30

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Time Out

  • Blue Note

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen