Lëtzebuerger Kulturgeschicht

Kulturgeschicht

25. a 26.12.2019 an den 1. a 5.1.2020 um 09:00

Iwwer d'Feierdeeg proposéiert de radio 100,7 Iech eng zäithistoresch Rees an déi Lëtzebuerger Kulturgeschicht vun de 50er Jore bis haut. Dëse Konferenzzyklus vun der Uni Lëtzebuerg, dem Centre national de littérature (CNL) an dem Centre national de l'audiovisuel (CNA) am CAPE beliicht verschidden Aspekter vum kulturellen Developpement aus de leschte 70 Joer.

Den Optakt mécht d'Konferenz "Wat d'Heemescht ass, dat froen s'oft" vun der Marie-Paule Jungblut.
Kulturgeschicht Lëtzebuerg iwwer d'Feierdeeg um 9:00 um radio 100,7.

Lauschtert hei

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen