Jukka-Pekka Saraste - Live aus der Philharmonie

Live aus der Philharmonie

Prokofjew a Schostakowitsch sinn zwee Protagoniste vun der russescher Musek am 20. Joerhonnert. Dëse Freideg ginn hir Wierker zu Lëtzebuerg an der Philharmonie interpretéiert vun der Geiistin Baiba Skride an dem Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ënner dem Jukka-Pekka Saraste.

Déi lettesch Geiistin Baiba Skride, Laureatin vum renomméierte Concours Reine Elisabeth am Joer 2001, ass haut eng vun deene beschten an hirem Fach.
Dat gëllt och fir de finneschen Dirigent Jukka-Pekka Saraste, laang Jore Chefdirigent vum WDR-Orchester zu Köln. 1996 hat de Jukka-Pekka Saraste säin Debut mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg.

De radio 100,7 iwwerdréit de Concert dëse Freideg Owend um 20:00 live aus der Philharmonie.

Lauschtert hei

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen