Hip Hop-Festival Chop Chop Chop live

Chop Chop Chop Visuell.jpg

Samschdeg, 19.10. um 20:30

Rhymes, Scratches, Freestyle a staark Beats!

De Phenomen Hip Hop ass zu Lëtzebuerg sou grouss wéi nach ni. Dofir feiere mir zesumme mat der Rockhal eng ganz Nuecht laang d'Hip Hop Kultur.
Fir dës éischt Editioun huet de Rocklab d'Kollektiver De Läbbel a Stay Fou als MC invitéiert, déi bei der Auswiel vun de Kënschtler de fräie Choix hunn. Um Programm stinn: Maka MC, BC ONE, Nicool, BTM, Skibi, Turnup Tun, Skinny J, luk., Tommek a Ragga.

Doniewent gëtt et eng Freestyle-Sessioun, déi jiddwereen, dee sech traut, invitéiert fir hiert lyrescht Improvisatiounstalent live op der Bühn ze demonstréieren.

De Bobby Bieles vum radio 100,7 suergt un de Plackentellere mat enger Auswiel vun de beschten Hip Hop Melodië fir gutt Stëmmung.

Mir iwwerdroen de Chop Chop Chop-Festival dëse Samschdeg vun 20:30 u live aus der Rockhal a schwätze mat zentrale Figuren aus der Lëtzebuerger Hip Hop Zeen.

Programm

Praktesch Infoen

  • 3.6. Generatiounen

    3.6. Generatiounen

    Manner Kalorien, Orchester an Danzmusek mam René de Bernardi an "The Sound of Music"

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen